JPEE 2013 - Beach Team Presentation: Women
volleyball.lu présentéiert iech eis Beach Dammen Equipe:
Norma Zambon / Anne Grethen
Säit Januar si mer total op d’Spiller vun den klengen Länner focuséiert. Während de Meint Januar a Februar hu mer d’Grondbasis am Kraftraum geluecht. Fir d’éischt stungen mer d’Fuesvakanz an der Beachhal zu Köln am Sand an hun eis lues a lues an d’Beachtechnik erageschafft.
Säit 1. März gouf bei all Wieder 2x d’Woch am Sand an 2x d’Woch am Kraftraum geschafft. Während der Ouschtervakanz ass et zesummen mat den Jongen op e Beachcamp op Cesenatico bei de Max Meier gaangen wou weider un der Technik geschafft gin ass.
Säit Ouschteren hu mer 3x d’Woch Training zu Ceisseng am Sand (e grousse Merci un VdL) an 2x Muskulatioun. Och e groussen Merci un d’Ina an d’Myriam déi bei all Wieder un eiser Säit stin.
No de villen Kilometeren am Sand lafen an Sand „iessen“, ass et elo un der Zäit Mätchpraxis ze kreien! Bis elo stin eng 8. Plaatz zu Gembloux an eng 13. Plaatz zu Bréissel am Palmares.
- 8.–12.5.2013 Stage mat 2 schwäizer an 2 däitschen Equipen zu Wellesteen
- 18.5.2013 Galamätch zu Remerschen
- 20.5.2013 Preparatiounstournoi um offiziellen Terrain vun den JPEE bei der Coque
- 25.5.2013 Preparatiounstournoi um offiziellen Terrain vun den JPEE bei der Coque
Objektiv as secherlech eng Podiumsplaatz. Wat mei heich op der Treppchen wat besser. Eis Geigner sin awer net ze ennerschätzen an vir déi meeschten leider nach inconnu. Also kann di eng oder aner Iwerraschung kommen.
Där kennt eisen Wee bis zu den JPEE an och de Parcours während de Spiller op Facebook verfollegen. Mär fréen eis iwwer all Message an hoffen iech all vum 27.5.-01.06.2013 an der Beacharena bei der Coque gesin.
Player facts:
Anne GRETHEN | Norma ZAMBON | |
13.07.1978 | Date of birth | 29.05.1978 |
1,71 m | Height | 1,79 m |
Defense | Position | Block |
2 | Shirt Nr. | 1 |
Respect all. Fear None. | Motto | Fight till the end |
Coaches: Pascal Hens & Michel Beautier |
Patrticipating countries:
Pool A | Pool B | |||||
CYP | Cyprus | AND | Andorra | |||
MLT | Malta | ISL | Island | |||
MON | Monaco | LIE | Liechtenstein | |||
LUX | Luxembourg |
Match table:
Day | Date | Time | Team A | - | Team B | Result | Photos | ||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Tuesday | 28.05.2013 | 17:00 | Andorra | - | Luxembourg | 0 - 2 | |||
Wednesday | 29.05.2013 | 17:00 | Luxembourg | - | Island | 2 - 0 | |||
Thursday | 30.05.2013 | 17:00 | Liechtenstein | - | Luxembourg | 1 - 2 | |||
Saturday | 01.06.2013 | 14:00 | (Final) |