About volleyball.lu

Print
PDF
volleyball.lu logoWéi dir bestëmmt wësst, ass volleyball.lu eng vun der FLVB onofhängeg Plattform, déi sech als Ziel gesat huet, den    Volleyball    hei    am    Land    an    Form    vun    Fotoen    dem breeden Public méi no ze bréngen. Den Bedreiwer vun der Plattform, dem Francis Manderscheid an John Oesch ass dëst mat der Hëllef vun villen fräiwëllegen Hobby- an Profifotografen och gutt gelongen, wéi d’Statistiken weisen.

Den Projet volleyball.lu besteet aus 3 Deeler: der Fotosgalerie, dem Newsblog an dem Hosting.

D’Fotosgalerie wor den éischten Projet deen an d’Liewen geruff gouf an och dat wichtegst Element. Ziel wor et fir all d’Volleyball’s Fotoen zentral ze sammelen an sou eng Plattform fir jiddereen ze schafen, fir Leit déi kucken kommen an Fotografen wéi och Veräiner déi gären Fotoen verëffentlechen. D’Gallerie ass mat der Zäit gewuess an zielt elo iwwert 25.000 Fotoen.

Am laf vun der Zäit ass och en Newsblog derbäi komm, woumat en Utile geschafen gouf, och Ukënnegungen fir Event’s, Tournoien oder sos mam Volleyball an Relatioun stoend Manifestatiounen zentral engem breeden Public zougänglech ze maachen.

Enn 2008 ass op Initiativ vum Francis Manderscheid den Hosting Service an d’Liewen geruff ginn. Ziel hei wor ganz kloer, den Veräiner eng Internetpräsenz onkomplizéiert an zum kléngen Präis ubidden ze kënnen. volleyball.lu ass der Meenung dass et an der häuteger Zäit wichteg ass, dass en Veräin mat enger Säit am Internet vertrueden ass, fir sech, seng Memberen an seng Projeten virzestellen. Net all Veräin huet Leit, déi sech mat dëser Matière auskennen an sou hunn mir eng Plattform bereet gestallt, déi esou einfach ze bedéngen ass, dass all Member mat un hirer Homepage schaffen kann. Wann dann awer mol méi komplizéiert Aufgaben ustinn, huet den Support vun volleyball.lu bis elo nach all Erausfuerderung ugeholl an ëmgesat.

6 Veräiner an 2 Beachequipen hunn Vertrauen an eis gesat, den volleyball.lu Hosting bestallt an sinn soumat och am Internet vertrueden. Hei huet volleyball.lu d’Installatioun, den Design an d’Grondgerüst realiséiert, sou dass déi Verantwortlech vun den Veräiner nach just d’Säiten mat Contenu hunn missen fëllen.

Mëttlerweil as volleyball.lu och op Facebook ze fannen, wou mir 320 Fan’s gezielt hunn. Hei publizéieren mir och News, wou mir och en méi jonkt Publikum erreechen kënnen.

Fir d’Zukunft géifen mir eis eng nei Gallerie wënschen, déi moderniséiert an nei Fonctiounen bitt, sou dass alles méi frësch an iwwersiichtlech an soumat nach méi interessant fir den Grand Public gëtt.
volleyball.lu statistics photos online: 38.453 albums: 502 categories: 35 views on photos: 1.277.470 disk space used: 41,39 GB users: 129 news articles: 90
poweredby Root - Hosting Services LG Sport Management PROSYS Simba - Volleyball Videos foto.lu

Volleyball Clubs in Luxembourg

logo_volley_bartreng logo_volley_beckerich logo_vcbonnevoie logo_chev_diekirch logo_volleyball_echternach logo_evbc logo_vc_fentange logo_gym_volley logo_vb_amber_lenster logo_vc_lorentzweiler logo_vc_mamer logo_volley_80_petange logo_vc_steinfort logo_vc_strassen logo_rsr_walfer VC Standard Wiltz