Datenschutz

Allgemeng

volleyball.lu ass eng online Foto- (photo.volleyball.lu) an News- (news.volleyball.lu) Plattform zum Thema Volleyball zu Lëtzebuerg an Groussregioun, mam Setz 1d, rue de Cessange, 3347 zu Leideleng. Mir leen groussen Wäert op verantwortungsvollen Ëmgang mat persounebezunnen Daten, déi Dir eis uvertraut. Mir hunn nach ni Är Daten un Drëtter verkaaft an wäerten dat och ni maachen. Eis Homepage enthält och Linken zu aneren Homepagen. Dës Datenschutzerklärung bezitt sech awer exklusiv op eis Homepage.

An den folgenden Punkten erklären mir Iech, wéieng Daten mir am Zesummenhang mat eiser Homepage a Servicer erhiewen, an wei se verschafft ginn.

D'Erhiewung a Verschaffen vun Ären Daten geschitt ëmmer ënner Beuechtung vun den Lëtzebuerger awer och europäeschen Dateschutzgesetzer.

Wann mir Daten erhiewen, froen mir ëmmer em Är Zoustëmmung. Sollt Dir net averstanen sinn dass gewëssen Daten erhuewen ginn, kann et ënner Ëmstänn sinn dass vereenzelt Servicer net integral kënnen genotzt ginn.

volleyball.lu setzt Datenschutzbestëmmungen no beschtem Wëssen a Gewëssen em.

Erhiewung, Verschaffen a Notzung vun persounebezunnen Daten

Benotzung vun der Homepage ouni Login

Dir kënnt eis Homepage ouni Login benotzen soumat ouni Angaben zu Ärer Persoun ze maachen. Eisen Server mat Standuert Lëtzebuerg, späichert folgend  Informatiounen an engem Logfichier, déi en vun Ärem Webbrowser iwwermëttelt kritt:

  • IP Adress
  • Datum an Auerzäit vun ärer Ufroen
  • Inhalt vun der Internetsäit
  • Zougrëffstatus (HTTP Status)
  • iwwerdroen Datengréisst
  • Homepage vun wou Dir op eis Homepage komm sidd
  • Browsertyp,
  • Betribssystem

Eng Späicherung vun den uewen genannten Daten mat aneren persounebezunnen Daten vun Iech fënnt net statt. D'Erhiewen vun dësen Daten an den Logfichier'en ass fir den Betrib vun eiser Homepage zwéngend noutwendeg, an dem kann och net Widdersprach ginn.

Benotzung vun der Homepage mat Login

Wëllt Dir verschidden Servicer op eiser Homepage benotzen, ass en Login erfuerderlech. Dëst z.B. an eiser Fotosgalerie, fir eng Bestellung ze maachen, oder Fotoen ze publizéieren. Am Kader vun der Registratioun ginn folgend Daten erhuewen:

  • Benotzernumm
  • Passwuert
  • Numm
  • Virnumm
  • E-Mail
  • Adress
  • Fotoen inklusiv EXIF Informatiounen

Den Benotzernumm an EXIF Daten ginn ëmmer verëffentlecht. All aner Daten ginn just benotzt fir am Kader vum gewënschten Service kennen mat Iech a Verbindung ze trieden.

Fir d'Sécherheet vun Ären Daten sécherzestellen, gëtt Äert Passwuert op kenger Platz am Kloertext op eisem Server gespäichert, an ass soumat just dem Client/User bekannt.

Bestellt Dir Fotoen als Print op Pabeier, ass d'Erhiewung vun persounebezunnen Daten (komplett Adress) erfuerderlech, fir Iech kennen Är Bestellung per Post kennen zouzestellen. Dir kennt dës Daten jidderzäit widderruffen, andeems Dir ären Account läscht. Domat ginn all Är Daten och vum Server geläscht.

Veraarbechtung vun persounebezunnen Daten duerch volleyball.lu

volleyball.lu erhieft, späichert a verschafft persounebezunnen Daten fir den Fonctionnement vun eisen Servicer sécher ze stellen, d'Bestätegen vun enger Bestellung, souwéi d'Ausliwwerung, d'Verrechnen vun Servicer oder d'Kontaktéieren am Fall vun Ufroen.

Eng Iwwermëttlung un Drëtter kann nëmmen geschéien, wann dëst am Aklang mam Gesetz ass oder säitens Autoritéiten noutwendeg gëtt.

Sécherheetsmoossnamen a Verschlësselung

volleyball.lu schafft ganz enk mat sengem Hostingbedreiwer drun, d'Verschlësselung vun all den Daten ëmzesetzen. Mir sinn zouversiichtlech dass dëst geschwënn zu 100% erfëllt ass.

Eis Serveren stinn hei zu Lëtzebuerg, an eisen Hoster (root.lu) mécht och alles Erdenkleches, fir Är Daten sécher ze halen.

Cookies

volleyball.lu benotzt Cookies fir d'Notzung a Navigatioun méiglechst benotzerfrëndlech ze gestalten. Cookies sinn kleng Textdateien, déi op Ärem Computer gespäichert ginn. En Beispill ass, dass wann Dir Ageloggt sidd an zu engem spéideren Zäitpunkt op eis Homepage zeréckkommt, dass Dir Iech net erneit aloggen musst. 

Cookies, déi ären Webbrowser späichert kennen folgend Daten enthalen:

  • Login Status
  • Sproochastellung
  • Sichbegrëffer déi op der Homepage benotzt goufen
  • Registréierungssatus
  • Benotzeranstellungen
  • Informatiounen iwwert d'Hefechkeet vun eiser Homepage

Dir kënnt dës Cookies zu all Ament an ärem Browser läschen oder desaktivéieren, woubäi et dann eventuell zu Fonktiounsanschränkungen kommen kann.

Google Analytics

volleyball.lu benotzt "Google Analytics", en Déngscht vun Google Inc. fir Analysen iwwert d'Verhalen op eiser Homepage ze maachen, fir dass mir eis Homepage optiméieren kënnen an Iech en besseren Service bidden kënnen. 

Google benotzt Cookies, déi an der Reegel op en Server an den USA iwwerdroen a gespäichert ginn.

Dir kënnt d'Späicheren vun dësen Cookies verhënneren andeems Dir Astellungen an Ärem Webbrowser maacht. Dëst kann awer mat sech droen, dass Dir net all Funktiounen op eiser Homepage notzen kënnt. En sougenannten Webbrowser Plugin kann och d'Veraarbechtung vun Ären Daten duerch Google verhënneren, dësen kënnt Dir ënnert den folgenden Link eroflueden an installéieren: http://tools.google.com/dlpage/gaoptout?hl=de

Weider Informatiounen zu der Datennotzung duerch Google fannt Dir hei:

Google Web Fonts

volleyball.lu benotzt Google Web Fonts, en Déngscht vun Google Inc. an kann soumat zousätzlech Schrëften fir d'Gestalten vun eiser Homepage benotzen. Benotzt Dir eis Homepage, ginn déi entspriechend Schrëften an ärem Browsercache gespäichert. Dëst ass noutwenneg, dass d'Texter optesch besser duergestallt kennen ginn. Wann Ären Browser dës Funktioun net ënnerstëtzt, gëtt eng Standard Schrëft vun ärem Computer benotzt.

Google Maps

volleyball.lu benotzt Google Maps, en Déngscht vun Google Inc. fir d'Visualiséieren vun Standuerter op enger Kaart. Zum Zäitpunkt wou Dir eng Säit op eiser Homepage oprufft, wou eng Kaart agebonnen ass gëtt Är Browser IP Adress an Kombinatioun mat der ugewisener Säit  vun eiser Homepage un Google iwwermëttelt. 

Info, Datenännerung a Läschen

Dir hutt d'Recht, op Ufroen hin ze erfueren, wat mir un persounebezunnen Daten zu Ärer Persoun gespäichert hunn. Dir kënnt dës Daten änneren oder läschen loossen.

Dofir mellt Iech w.e.g bei volleyball.lu, 1d, rue de Cessange, 3347 Leudelange oder per e-mail This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Stand: 17 Mee 2018 

mobile Login